Wichteg Neiegkeeten

Well der näischt méi verpasse wat eise Club betrëfft, schnellstméiglech ëmmer um neiste Stand sinn, da mellt Iech un bei eisem WhatsApp-Grupp.
Wat musst der maachen:
- Lued Iech am AppStore de WhatsApp erof a mellt Iech do un
- Späichert eis Nummer +352 691 580 610 an ärem Handy
- Schéckt eis eng Noriicht per WhatsApp oder SMS mat ärem Numm a Virnumm op de +352 691 580 610
- Fir Iech nees ofzemellen, geet et duer wann der eis iwwert eng Noriicht doriwwer informéiert
- Är Donnéeë gi vertraulech behandelt
Léiw Memberen, Léiw Frënn
De September steet virun der Dier, an Der frot Iech sécher: Wat huet d’Equipe vum Club Senior Prënzebierg sech wuel dës Kéier nees afale gelooss fir hir Memberen?
Fir dëst eraus ze fanne féiert kee Wee dolaanscht, sech eis nei Broschür am Detail unzekucken. Op dëser Entdeckungsrees wënsche mer Iech vill
Freed. Et ass wëssenschaftlech bewisen, dat et gutt a wichteg ass (an et mécht Spaass) seng Fräizäit zesumme mat anere Mënschen ze verbréngen. Duerfir, wann Dir Leit kennt, déi eise Club villäicht nach net kennen, dann zielt hinne vun onse sëllegen Aktivitéiten a motivéiert si fir eemol bei eis laanscht luussen ze kommen an deel ze huelen.
An eisem familiäre Club ass Plaz fir jiddereen, dee Loscht huet nei Leit
kennenzeléieren, flott Momenter ze erliewen oder sech kierperlech wéi och
geeschteg fit ze halen. Bei eis ass jidderee wëllkomm. Un Iech … heivunner ze profitéieren
Geneviève FABER
Responsabel vum Club Senior
Club Senior Prënzebierg
