Wéinst deenen neien Reegelen duerch de Covid 19 sinn vill Aktivitéit bis onbestëmmten Zäit annuléiert.

Aufgrund der neuen Regeln für Covid 19 sind viele Aktivitäten gestrichen.

Á cause des nouvelles règles concernant le Covid 19 beaucoup d'activités sont annulées

 

 

Mir verschenke Bicher

Dir liest gären e gutt Buch!

Da kommt bei eis an de Club.

Do kennt dir Iech Bicher gratis mathuelen.

 

 

Wichteg Neiegkeeten

 Well der näischt méi verpasse wat eise Club betrëfft, schnellstméiglech ëmmer um neiste Stand sinn, da mellt Iech un bei eisem WhatsApp-Grupp.

Wat musst der maachen:

  1. Lued Iech am AppStore de WhatsApp erof a mellt Iech do un
  2. Späichert eis Nummer 691 580 610 an ärem Handy
  3. Schéckt eis eng Noriicht per WhatsApp oder SMS mat ärem Numm a Virnumm op de 691 580 610
  4. Fir Iech nees ofzemellen, geet et duer wann der eis iwwert eng Noriicht doriwwer informéiert
  5. Är Donnéeë gi vertraulech behandelt

Léiw Memberen, Léiw Frënn

Léif Memberen,
Léif Frënn,
2020 geet sou lues op en Enn, a mer wënschen eis warscheinlech alleguerten
dat selwecht, dass 2021 méi en agreabelt a Corona fräit Joer gëtt. Dofir wënschen
de Comité an d’Equipe Iech alleguerten e gudde Rutsch an d’neit Joer a virun
allem eng gutt Gesondheet.
Bis elo hutt der vill Gedold a Verständnis bewisen, fir déi deelweis vill Ännerungen
déi de COVID-19 mat sech bruecht huet. Warscheinlech wäert dee
Virus eis och nach weider eng Zäitche begleeden, dofir fannen d’Aktivitéiten
aus dëser Broschüre och just statt falls d’sanitär Mesuren dëst zouloossen.
Och am neie Joer ass d’Equipe natierlech fir Iech do, a mer wäerten och
weiderhin eist Méiglechst maache fir Iech e bëssen Ofwiesslung am Alldag ze bidden.
Mer freeën eis Iech gläich nees erëm ze gesinn.
Bleift gesond.

Responsabel vum Club Senior
Chargée de direction du Club Senior
Roberto TRAVERSINI
Präsident vun der asbl
Président de l’asbl

Club Senior Prënzebierg

  27-29, rue Michel Rodange Déifferdeng

Besucherzähler

kaaloon.de