Wéi de Club gegrënnt gouf am Joer 1989 konnt de Club Senior Prënzebierg Räimlechkeeten am Altersheem zu Niederkuer benotzen. Wéi d’Altersheem vergréissert ginn ass hutt de Club missen plënneren a koum provisoresch an een Haus an der rue des ‘Ecoles enner.

Zënnter dem 9. Juli 2007 ass de Club op senger definitiver Plaz an der Residenz Del Parco op der Hausnummer 27-29 an der Rue Michel Rodange zu Déifferdeng. De Club ass hei direkt vis-à-vis vum Parc Gerlach a ganz no vun der Foussgängerzone.

Den Diff-Bus, den Tice an di no Zuchgare suerge fir eng gutt Verbindung. Och de Parking Contournement ass liicht ze erreechen.

Di néi Raimlechkeeten (ronn 260qm),bidden de Membere vill Komfort. De groussen Aktivitéitsraum ka fir vill verschidden Zwecker genotzt gi. Héi kenne Yoga oder Gymnastikkuere stattfanne souwéi kleng Féieren a Versammlungen. Jee nodeem léisst sech de Sall ouni Problemer un de Gebrauch upassen.

D’Gemeng Déifferdeng sou wéi de Familljeminister bedeelegen sech un der Finanzéierung vum Projet.

Drei aner Gemengen ënnerstëtzen de “Club Senior Prënzebierg”: Péiteng, Käerjeng a Suessem.

De Club bitt den Interessenten eng Réi vun Aktivitéiten; zum Beispill: Computer-an Handykueren, Musek a Gesang, Besichtegungen, Kinobesich, Konschtkueren, sportlech Aktivitéiten, Keelen, Relaxatioun, Fester a Feieren, Bingo, Gesellschaftnomëtteger sou wéi Moartbesich.

Fir weider Infoe steet d’Jennifer Chaussy, d‘Lynn Flammang d’Claudine Gansen, d’Christiane Merker,d‘Peggy Mischo an d‘Angela Spagnolo, vum Senioreclub, ënnert der Leedung vum Geneviève Faber an Anouk Franck, gären zu Verfügung.