Wichteg Neiegkeeten
 
															Well der näischt méi verpasse wat eise Club betrëfft, schnellstméiglech ëmmer um neiste Stand sinn, da mellt Iech un bei eisem WhatsApp-Grupp.
Wat musst der maachen:
- Lued Iech am AppStore de WhatsApp erof a mellt Iech do un
- Späichert eis Nummer +352 691 580 610 an ärem Handy
- Schéckt eis eng Noriicht per WhatsApp oder SMS mat ärem Numm a Virnumm op de +352 691 580 610
- Fir Iech nees ofzemellen, geet et duer wann der eis iwwert eng Noriicht doriwwer informéiert
- Är Donnéeë gi vertraulech behandelt
Léiw Memberen, Léiw Frënn
De Summer geet lues a lues eriwwer, an et ass déi perfekt Zäit, fir zréckzekucken an all déi wonnerbar Momenter ze genéissen, déi mir zesummen an dëser schéiner Zäit erlieft hunn.
Egal ob bei eise Visitten am Déierepark, am Pairi Daiza, bei eiser Kajak-Aventure oder och bei eisen Ausflich um Bostalsee an zu Kell am See – mir hunn d’Natur an d’frësch Loft richteg genoss. Mee dat ass nach net alles, och am Club hu mir vill flott a spannend Aktivitéiten organiséiert, déi
ganz vill Succès haten.
Mat der Ukënnegung vum Mount September wëlle mir net ophale mat dëser flotter Dynamik! Ganz am Géigendeel, mir si scho ganz opgereegt fir weiderhin sou vill schéin an erfreelech Momenter mat Iech ze deelen. Mir invitéieren Iech, eisen neie Programm vum September bis Dezember genau ënner d’Lupp ze huelen. Hei fannt Dir vill interessant Ausflich, mee och eng grouss Auswiel un Aktivitéiten, fir Äert kierperlecht a geeschtegt Wuelbefannen ze verbesseren.
Zéckt net, eis ze besichen, matzemaachen an all dat ze genéissen, wat mirfir Iech virbereet hunn. Fir jiddereen ass eppes dobäi, a mir freeën eis schonn, Iech geschwënn erëm ze gesinn an nach vill flott Momenter zesummen ze verbréngen!
Geneviève FABER an Anouk FRANCK
Responsabelen vum Club Kordall Aktiv 
Roberto TRAVERSINI
Präsident vun der ASBL
Club Senior Prënzebierg
 
															